Dienstag, 16. Mai 2023

De Lëtzebuerger wielt wäertkonservativ (Gemengerotswalen, den 11. Juni 2023)

Den Timon Müllenheim an d'ADR-Kandidatin Ingrid Müllenheim-Staub op der "Marche Blanche".

Wat fir eng Partei a menger Gemeng um beschte wielen, fir eng gesellschaftspolitesch konservativ Politik zu kréien? Wat fir Kandidaten verdeedegen um meeschten eis traditionell Wäerter ⛪ Glawen (chrëschtlech Moral- a Sozialléier), 🗽 Fräiheet (universell Grondrechter an Demokratie), 🏰 Heemecht (nationaalt Kultur- an Naturierwen)? Hei eis Walempfielung fir d'Gemengewalen 2023:

Gemengerotswalen 1987: "De Lëtzebuerger ass wäertkonservativ!"
Gemengerotswalen 2023: "De Lëtzebuerger wielt wäertkonservativ!"

😉 Kuckt iech de Logo genee un!

Wat fir eng Partei a menger Gemeng um beschte wielen?


1.
Beetebuerg, Clierf, Diddeleng, Ëlwen, Esch/Uelzecht, Käerjeng, 
Keel-Téiteng, Stad Lëtzebuerg, Péiteng, Suessem, Wëntger
D'Alternativ Demokratesch Reformpartei verdeedegt als eenzeg Partei zu Lëtzebuerg komplett eis jiddesch-chrëschtlech, fräiheetlech-demokratesch a monarchistesch-patriotesch Wäerter. Den Timon Müllenheim hat dëst schonn deemools bei senger Kandidatur 2011 fir de Stater Gemengerot unhand vum Grondsazprogramm opgelëscht. Am "100 Punkte-Programm" steet un der 74 Plaz, datt si dat religéist Liewen ënnerstëtzt, ewéi Kierchen a chrëschtlech Fester erhale wëll; méi Detailer doriwwer fënnt een am nationale Gemengewalprogramm 2023 op der Säit 27. Si ass zudeem déi eenzeg an der Chamber vertruede Partei, déi glafwierdeg géint Ofdreiwung, gläichgeschlechtlecht Bestiednes, Euthanasie, Gender-Ideologie a "Wokeness" antrëtt, beim Referendum 2015 d'Meenung vun 80 % vum Vollek vertrueden, d'"Corona"-Impffräiheet trotz medialer Hetzkampagne verdeedegt an hiert Verspriechen, fir de Verfassungsreferendum zu stëmmen, agehalen huet. Doriwwer eraus steet si trei fir eng konstitutionell a souverän Monarchie vum Härgott senger Gnod a wëll den Eed op eise Groussherzog op Lëtzebuergesch bäibehalen.

Walslogan: "Well mir eis Gemeng gär hunn!"

Prioritéiten:
1. Dir décidéiert duerch direkt Demokratie - Dir sollt méi matbestëmme kënnen
2. Liewensqualitéit aplaz Bevëlkerungsexplosioun - Eis Stad soll méi lues wuessen
3. Sécherheet garantéieren, Kriminalitéit bekämpfen - Sech iwwerall an ëmmer sécher fillen
4. Sécher Trottoiren, Parkplazen a Vëlospisten fir Iech - Auto a Parkplaze si Liewenqualitéit
5. Eis Sprooch, d'Häerz vun der Integratioun - Méi Lëtzebuergesch am ëffentleche Raum
6. Fir eng Wunneng a menger Gemeng - Bezuelbar Wunne fir Stater Famillje mat Kanner
7. Fir eng familljefrëndlech Gemeng - De Charakter vun eisen Dierfer a Stied erhalen

2.
Déifferdeng, Péiteng
Déi Konservativ, d'Fräiheetspartei ass eng kleng a reng regional vertruede Gesellegkeetspartei mat engem änlech wäertkonservative Programm. Esou sinn och si beispillsweis géint Ofdreiwung an Euthanasie, awer leider fir d'Propaganda vu Paraphilien als "normal" a souguer fir d'Bestiednes an -Adoptioun vu Gläichgeschlechtlechen. Wärend der "Corona"-Pandemie hu si sech aktiv un den Demonstratiounen géint déi paradox Moossnamen a fir d'Impffräiheet bedeelegt. Ausserdeem trieden si géint eng weider Schwächung a fir eng Stäerkung vun eiser Monarchie an.

Walslogan: "All fir Déifferdeng /  All fir Péiteng!"

Prioritéiten:
1. Méi Sécherheet, manner Kriminalitéit - Engagéiert fir sécher a friddlech Gemengen
2. Méi Solidaritéit, manner soziale Misär - Engagéiert fir sozialgerecht a karitativ Gemengen
3. Méi Bildungschancen, manner Perspektivlosegkeet - Engagéiert fir Bildung an Aarbecht
4. Méi Liewensqualitéit, manner Wunnnout - Engagéiert fir e soziaalt Wunnen a Liewen
5. Méi Lëtzebuergesch, manner eis Friem - Engagéiert fir Zesummeliewen an Identitéit
6. Méi Biergerbedeelegung, manner Politikdiktat - Egangéiert fir demokratesch a biergerno Gemengen
7. Méi Mobilitéitsgestaltung, manner Verkéierschaos - Engagéiert fir mobil a vernetzt Gemengen

3.
Iwwerall soss 
Biergerlëschten a biergerlech Eenzelkandidaten
oder
D'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei, där hire Logo traditionell orange war, huet leider nëmmen nach wéineg mat der fréierer Rietspartei ënner Hirer Kinneklecher Altess, eiser geschater Groussherzogin Marie-Adelheid zu dinn an ass zu enger zentristescher "Catch all"-Partei verkomm. Leider goufe vill vun de chrëschtlech-soziale Wäerter fir den destruktiven "68er"-Zäitgeescht geaffert an hir Deputéiert hunn an der Chamber souguer fir eng massiv Liberaliséierung vun Ofdreiwung, Homosexuelle-Bestiednes an Euthanasie matgestëmmt. An dësem Zesummenhang gouf och déi zouhuelend Schwächung vun eisem groussherzogleche Staatschef an d'Weeër gleet. Beim Referendum 2015 hate si sech net getraut, fir sech der Meenung vun 80 % vum Vollek unzeschléissen an dee grouss versprachene Verfassungsreferendum, deen an all Bannanerepublik üblech ass, gouf einfach net duerchgefouert. Zudeem ass deen iwwergrëffegen "Corona"-Impfzwang duerch d'Hannerdier vum 15. Januar 2022 matgedroe ginn, obwuel déi verfügbar Injektiounen ethesch onvertriedbar sinn an ni op d'Wierksam- an d'Iwwerdrobarkeet getest goufen. Allerdéngs ass et ëmmer nach besser eng vermeintlech biergerlech Lëscht zu wielen ewéi de lénks/grénge Block mat sengem zerstéieresche Sozialismus aktiv oder passiv zu stäerken.

Walslogan: "Déi beschte Plaz fir ze liewen!"

Prioritéiten:
1. Dat bescht aus onse Quartiere maachen - Méi Quartiersliewen, mat méi lokale Commercen
2. Déi bescht nei Quartiere bauen - Méi bezuelbar Wunnengen, mam Bau vu neie Quartieren
3. Déi bescht Mobilitéit fir ons Stad - Méi Bus an Tram, manner Duerchgangsverkéier
4. Dat beschte Klima fir ons Stad - Méi Natur, mat méi Beem
5. Déi bescht Sécherheet garantéieren - Méi Sécherheet, mat enger Gemengepolice
6. Déi bescht Zukunftschance fir ons Kanner a Jonker
7. Déi bescht Plaz fir ons Wirtschaft - Eng international Finanzplaz a Wirtschaftsmetropol

✌ Mir ënnerstëtzen iwwerall eng biergerlech 🧡💙 #NassauKoalitioun 
aus CSV (inkl. Biergerlëschten) an ADR (inkl. Déi Konservativ)!

Wat fir Kandidate verdeedegen um meeschten eis Wäerter?


William Abundes
Gemeng: Stad Lëtzebuerg
Beruff: pensionéierten Telekommunikatiouns-Spezialist

Sylvie Aulmich-Kieffer
Gemeng: Diddeleng
Beruff: pensonéiert Erzéierin a Fleegemamm

André Faber
Gemeng: Stad Lëtzebuerg
Beruff: Informatiker

Marie-Andrée Faber-Schanen
Gemeng: Stad Lëtzebuerg
Beruff: pensonéiert Katechetin a Sproochléierin

Kuerzbiographie:
Ech sinn d'Marie-Andrée Faber-Schanen an eng pensionéiert Sproocheléierin a Katechetin. Ech si bestuet, Mamm vu 5 Kanner a 7 Enkelkanner a wunnen um Cents.

Well mer d'Famill, als Grondsteen vun der Gesellschaft, an d'Bedürfnisser vum Kand no enger fester Mamm-Kand-Bindung a säi Recht op Liewen an op Mamm a Papp um Häerz leit, sinn ech am Comité vum Schutz fir d‘Kand an an der Vie Naissante. Well de Glawen u Gott dem Mënsch en Halt am Liewen gëtt setzen ech mech an fir d‘ Glawensvermëttlung, an d‘ Erhalen vun reliéise lokalen an nationalen Traditiounen. Och d‘Natur, mäi Land an meng Heemechtssprooch se mir wichteg.

Well d‘ ADR als eenzeg Partei meng Wäerter vertrëtt, schaffen ech aktiv mat. Als Member vun der Sozialkommissioun konnt ech mech jorelaang fir Mënschen um Rand vun der Gesellschaft an déi eeler Leit asetzen, a sinn am Comité vun den ADR-Fraen a vun der Stad.

Fernand Kieffer
Gemeng: Diddeleng
Beruff: pensonéierte Chauffer a gudden Handwierker
Memberschaften: Neiapostolesch Kierch

Ingrid Müllenheim-Staub
Gemeng: Stad Lëtzebuerg
Beruff: pensonéiert medezinesch Masseurin an 3 Joer Bibelstudium

Kuerzbiographie:
Moien, mein Name ist Ingrid Müllenheim, geborene Staub. Aufgewachsen in Baden-Baden, bin ich durch meinen Mann nach Luxemburg gekommen und wohne seitdem im schönen Stadtviertel Pfaffenthal. Fast täglich gehe ich entlang der Alzette spazieren und unterhalte mich oft nett mit den Anwohnern.

Das Wichtigste für mich ist der christliche Glaube, das Vertrauen in Jesus Christus, der mir Kraft, Frieden und Hoffnung schenkt. Ich achte alle Menschen, Tiere und die Natur. Besonders am Herzen liegt mir der Schutz des Lebens, ob ungeboren, behindert, gesund, krank oder altersschwach. Genauso die Bewahrung der Familie mit Vater und Mutter. Für unsere Stadt wünsche ich mir den Erhalt des historischen Charakters, bestmögliche Sicherheit, mehrsprachige Informationen und Rechnungen, direkte Bürgerbeteiligung, bezahlbares Wohnen, genügend Parkplätze und leerstehende Kirchengebäude sollen den zahlreichen Freikirchen gegen Instandhaltungspflicht überlassen werden.

Die ADR setzt sich für meine Werte ein, deshalb stehe ich hinter ihr.

Margrit Oesch-Runck
Gemeng: Käerjeng
Beruff: pensonéiert Fra vun engem Paschtouer a leidenschaftlech Molerin
Memberschaften: fréier Evangelesch Fräikierch

Kuerzbiographie: Facebook-Video